Meubert
Meubert ass den Numm vun enger lëtzebuergesch Mark Liewensmëttel, déi vun 1947 bis den Hierscht 2009 vun der Firma Globex Sàrl vermaart goufen an zanterhier vun der Firma Fixmer-Van Landewijk.
Ënner dem Numm Meubert gëtt Panéiermiel sou wéi och verschidden Zorte Steifen, wéi Tapioca, Räis- a Gromperemiel, Schmull, Geescht, asw. fir Zosen an Zoppe méi déck ze maache verkaaft.
Den Numm "Meubert" ass aus de Virnimm vun 3 vun den éischten Associéë vu Globex, Michel, Eugène an Albert, zesummegesat. Ufanks goufen och aner Produkter, wéi z. B. Nuddelen, ënner deem Numm verkaaft (an den Nuddele goufen, als Verkafsgimmick, Hellegebillercher bäigeluecht), mä schonn an den 1960er Jore gouf sech op déi Gamme festgeluecht, déi et och nach haut gëtt.
An den 1960er Jore gouf och den Design um Pak, wéi en haut nach bekannt ass, agefouert: e Vexéierbild vun enger Fra, déi e Pak am Grapp huet, op deem eng Fra ass, déi e Pak am Grapp huet, op deem... Et ass haut net méi erauszefannen, wien déi bekannt Onbekannt ass: Si war als Remplaçante fir de Mannequin, deen erausgesicht war, agesprongen; an d'Dréckerei, déi dat produzéiert huet, ass kuerz duerno faillite gaangen, an hire Proprietär gestuerwen.
Literatur
änneren- Anne Heniqui: "Fräschenaen an Hellegebiller", in: d'Lëtzebuerger Land 50/2009, 11. Dezember 2009, Supplément "Made in Luxembourg", S. 3.