Method Man

US-amerikanesche Museker a Schauspiller

De Method Man, mat richtegem Numm Clifford Smith, gebuer den 2. Mäerz 1971 zu New York, ass en US-amerikanesche Rapper a geleeëntleche Schauspiller. Hien ass ee vun de bekanntste Membere vum Hip-Hop-Kollektiv Wu-Tang Clan an och een Deel vum Duo Method Man & Redman.

Method Man
Gebuertsnumm Clifford Smith
Pseudonym MethodMan / Johnny Blaze / Mr. Meth / Meth-Tical
Gebuer 2. Mäerz 1971
Hempstead
Nationalitéit USA
Aktivitéit Rapper, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Schauspiller
Member vun Wu-Tang Clan

Karriär änneren

Dem Method Man säin Numm kënnt vun engem Film aus dem Joer 1979 mam selwechten Numm.

Hien ass ee vun nëmmen zwéi Membere vum Wu-Tang Clan, deen e Solotitel op dem Kollektiv sengem Debutalbum Enter the Wu-Tang: 36 Chambers krut, an deen éischten deen e Soloalbum verëffentlecht huet. Tical (1994) gouf positiv vun der Kritik opgeholl[1] an huet et direkt op déi véiert Plaz vun den amerikaneschen Charts gepackt. En huet sech méi wéi eng Milliounmol verkaaft. D'Lidd All I Need gouf als eng vun de Singelen ausgekoppelt an ass en Hit ginn. E Remix dovu mam Mary J. Blidge (I'll Be There for You/You're All I Need) huet spéider e Grammy Award gewonnen.

Ëm déi selwecht Zäit huet hie Featuringen op de Placke vun anere Rapper gemaach, dorënner dem Notorious B.I.G. säi Ready to Die, dem Spice 1 säin AmeriKKKa's Nightmare, dem A.G. säi Goodfellas an dem 2Pac säin All Eyez on Me.

1997 huet hie mam Wu-Tang Clan de laang erwaarten zweeten Album Wu-Tang Forever erausbruecht, vun deem schlussendlech iwwer 8,3 Millioune Kopie verkaaft goufen. Säin zweete Soloalbum Tical 2000: Judgement Day (1998) war och erëm e groussen Erfolleg, ënner anerem wéinst de Singelen Judgment Day a Break Ups 2 Make Ups (zesumme mam D'Angelo). E behandelt vill apokalyptesch Theorien iwwer d'Enn vum 2. Joerdausend.

Duerno ass de Method Man mam Jay-Z, mam Redman, mam Ja Rule a mam DMX op Tour gaangen an huet mam Redman de Party-Album Blackout! opgeholl. Wéinst deem sengem Erfolleg sinn déi zwéin dunn zesummen a Filmer (z. B. How High) an op der Televisioun opgetrueden. Sou ware si d'Stare vun der kuerzlieweger Sitcom Method & Red. Och haut gi si wéinst deene Filmer nach mat Marihuanakonsum a Verbindung bruecht.

No de weidere Wu-Tang-Clan-Placken The W (2000) an Iron Flag (2001) huet de Method Man 2004 mat sengem drëtten Album Tical 0: The Prequel zwar e weidere kommerziellen Hit gefeiert, besonnensch wéinst dem Succès vun der Partysingle What's Happenin mam Busta Rhymes. Vill Kritiker hunn awer fonnt, datt d'Lidder sech nëmmen nach géife wéi generesche Party-Rap unhéieren an datt dem Method Man seng Musek ze vill Mainstream gi wier.[2],[3] Dowéinst huet hien entscheet, sech fir säin nächst Wierk 4:21: The Day After (2006) nees zeréck op seng Hip-Hop-Wuerzelen ze besënnen, wat d'Kritiker[4] an d'Fans gutt fonnt hunn, mä kommerziell net sou gutt ukomm ass. Et gouf keng Single ausgekoppelt a kee Museksvideo gedréint, mä dofir huet de Method Man op enger Welttournée Promo fir den Album gemaach.

2009 ass den Album Blackout! 2 mam Redman erauskomm. Duerno sinn déi zwéi Rapper op Tour gaangen. 2015 ass dunn nach dem Method Man säi fënneften Album The Meth Lab verëffentlech ginn, dee gemëscht Kriticke krut.[5]

Discographie änneren

Soloalbumen änneren

  • 1994: Tical
  • 1998: Tical 2000: Judgement Day
  • 2004: Tical 0: The Prequel
  • 2006: 4:21... The Day After
  • 2015: The Meth Lab
  • 2018: Meth Lab Season 2: The Lithium

Kollaboratiounsalbumen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Method Man – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Tical op acclaimedmusic.net
  2. Tical 0: The Prequel op metacritic.com
  3. Tical 0: The Prequel op allmusic.com
  4. 4:21 ... The Day After op metacritic.com
  5. The Meth Lab op metacritic.com