Mesh ass eng Mooss fir Maschegréisste bei Sifter a gewiefte Netzer (a villen engleschsproocheche Länner) unzeginn. Gläichzäitech bezeechent dës Mooss och d'Käregréisste vu gesiftenem Material.

Dat englescht Wuert bedeit Masch. De Wäert n mesh bezeechent eng Quantitéit vun n Masche pro Inch. 5 Mesh sinn deemno 5 Masche pro Inch. Well awer och nach d'Déckt vun den Dréit mat agerechent muss ginn entsprieche 5 Mesh enger Käregréisst vu 4,0 mm. 10 Mesh sinn 2,0 mm an 100 Mesh 0.149 mm (U.S. Bureau of Standards) oder 0,150 mm (Tyler Standard).