Mer hahn en neue Oberkeet

weltlech Kantat vum Johann Sebastian Bach

Mer hahn en neue Oberkeet ass eng weltlech Kantat vum Johann Sebastian Bach. Si ass och ënner dem Numm Bauernkantate bekannt, de Bach selwer huet si Cantate burlesque genannt.

Den Text vun der Kantat staamt vum Christian Friedrich Henrici, genannt Picander, a gouf fir den 30. August 1742 geschriwwen. Deen Dag huet de Geriichtshär Carl Heinrich von Dieskau, kurfürstlech-sächsesche Kummerhär, um Rittergutt Kleinzschocher bei Leipzig mat engem grousse Freedefeier säi 36. Gebuertsdag gefeiert, an huet gläichzäiteg, sou wéi deemools üblech, d'Huldegung vu senge Baueren entgéint geholl.

De Picander hat a senger Eegenschaft als Chef vun der Stad-Gedrénks-Steierverwaltung, Wäininspekter a Visir am Krees Leipzig de Kreessteierinspekter Dieskau als Virgesetzten. Säin Text dréit volkstümlech an heiansdo ironesch Zich a spillt op eng Rei lokal Persounen an Evenementer vun der deemolger Zäit un (z. B. Verletzung vum Fëscherei-Recht), woubäi och d'Nopeschuertschafte genannt ginn.

Et ass méiglech, datt de Picander de Bach gefrot huet, fir seng Dichtung a Musek ëmzesetzen. Bei der Bauernkantate handelt et sech ëm d'Bach-Kantat mam spéitsten Entstehungsdatum dee konnt festgestallt ginn.

E Bauer deem säin Numm net genannt gëtt, verspott zesumme mat der Bauerefra Mieke d'Macheschafte vun de Steieranzéier; dobäi luewe si d'Spuersamkeet vun der Fra vum Dieskau, éier si um Enn den Dieskau héichliewe loossen. Plazeweis gëtt dobäi e bësse uewersächesch Mondaart benotzt („Guschel“ = Mond, „Ranzen“ = Bauch, „prinkel“ = e bëssen, „Neu-Schock“ = 60 Groschen).

Dem Charakter vum Text entspriechend huet de Bach eng relativ schlicht Kompositioun a kuerze Sätz an einfacher Begleedung geschaf. Hien huet op populär Danzformen zeréckgegraff a vollekstëmlech Melodien (z. B. d'Vollekslidd Mit dir und mir ins Federbett, mit dir und mir aufs Stroh) souwéi och Deeler aus fréieren eegene Stécker benotzt (Saz 14 aus BWV Anh. 11 a Saz 20 aus BWV 201/7).

Besetzung änneren

Um Spaweck änneren