Maxim Iglinski
kasachesche Vëlossportler
(Virugeleet vu(n) Maxim Iglinskiy)
De Maksım Iglınskıı, och Maxim Gennadjewitsch Iglinski (ru: Максим Геннадьевич Иглинский), gebuer den 18. Abrëll 1981 zu Astana, ass e kasachesche professionelle Vëlossportler.
Maxim Iglinski | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
18. Abrëll 1981 Nur-Sultan |
Nationalitéit | Kasachstan |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Gréisst | 181 Zentimeter |
Gewiicht | 70 kg |
Kompetitiounsklass | Vëlossport op der Strooss |
Veräin/Ekipp |
Astana, Capec, T-Mobile, Domina Vacanze-De Nardi, Milram |
Famill | |
Geschwëster | Valentin Iglinskiy |
Den Iglınskıı gouf 2005 bei Domina Vacanze Profi.
Hie war schonn a sengem éischte Profisjoer beim Tour de France dobäi, a koum am Generalklassement vun de jonke Profien op déi véiert Plaz. Hien huet 2005 d'Etapp mat Arrivée zu Singen, vum Deutschland Tour, gewonnen.
Nodeem hien 2006 fir Milram gefuer war, huet en 2007 bei déi nei gegrënnten Ekipp Astana gewiesselt.
PalmarèsÄnneren
2005Änneren
- 1. am Gran Premio Città di Camaiore
- Eng Etapp um Deutschland Tour
2006Änneren
2007Änneren
- eng Etapp am Critérium du Dauphiné libéré
Kasachesche Landesmeeschter op der Strooss
2008Änneren
- eng Etapp am Tour de Romandie
2010Änneren
- 1. an de Montepaschi Strade Bianche
2012Änneren
- 1. am Léck-Baaschtnech-Léck
- 2. an der Montepaschi Strade Bianche
Um SpaweckÄnneren
Commons: Maxim Iglinski – Biller, Videoen oder Audiodateien |