De Max Greger, gebuer den 2. Abrëll 1926 zu München, an och do de 15. August 2015 gestuerwen, war en däitsche Bigband-Leeder, Jazzmuseker, Saxophonist an Dirigent.

Max Greger
Gebuer 2. Abrëll 1926
München
Gestuerwen 15. August 2015
München
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Dirigent, Bandleader, Saxophonist

Biographie änneren

De Max Greger huet ufanks Akkordeon geléiert, deen e vu sengem Bopa mat 10 Joer geschenkt krut, don huet hie Klarinett a Saxophon um Conservatoire vu München studéiert.

Nom Zweete Weltkrich, wou en an d'Arméi agezu gi war, huet hien als ee vun den éischten Däitschen an amerikaneschen Offizéierskasinoe gespillt a gouf domat e Pionéier vum däitsche Nokrichs-Swing- a Bigbandmilieu. 1948 huet hie säin éischten Ensembel gegrënnt, d' Max-Greger-Sextett.

An de Joren dono huet hien domat virun allem fir de Bayerischer Rundfunk an an amerikanesche Clubss gespillt, wou hien ë. a. dem Duke Ellington an d'Ella Fitzgerald getraff huet. Dono koumen déi éischt Laangspill-Placken an Tourméeën duerch Däitschland an de Rescht vun Europa. Als éischt westlech Band zanter 35 Joer ass hien 1959 an der Sowjetunioun opgetrueden.

Vun 1963 bis 1977 war hie fest beim ZDF agestallt, an huet an Emissioune wéi Vergißmeinnicht, Musik ist Trumpf an Der große Preis gespilt. 1970 ass hie mat sengem Orchester, deem eenzegen aus Däitschland, op der Weltausstellung vun Osaka a Japan opgetrueden.

Dono war hie reegelméisseg mat sengem Orchester Invité bei Danzconcoursen an huet eng ganz Rëtsch Placke mat Danzmusek erausbruecht.

1986 huet de Max Greger am ZDF mat enger "Super-Band“ säi 60. Gebuertsdag gefeiert, wou bekannt Kolleege wéi den Hazy Osterwald, de Paul Kuhn, den Hugo Strasser an den James Last opgetruede sinn. Vun 1992 huet hien nach als Gaaschtdirigent bei Optrëtter a Studioproduktioune vun der SWR Big Band gewierkt.

Tëscht 1955 an 1977 huet de Max Greger mat senger Bigband méi wéi 3000 verschidde Stécker op Placken opgeholl. Säi Repertoire goung vu Schlageren iwwer Bigbandmusek bis Jazz.