Maurizio Malvestiti
italieenesche Bëschof
De Maurizio Malvestiti, gebuer de 25. August 1953 zu Filago an der Provënz Bergamo, ass zanter dem 26. August 2014 de Bëschof vu Lodi an Italien.[1]
Maurizio Malvestiti | |
---|---|
De Bëschof Murizio Malvestiti (2014) | |
Gebuer |
25. August 1953 Marne |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
De Maurizio Malvestiti gouf den 11. Juni 1977 zum Paschtouer geweit. 1994 ass hien op Roum gaange wou hien 'official ecclésiastique' gouf a méi spéit Chef de service bei der Congregatioun fir déi orientalesch Kierchen. Do gouf hie Sekretär vun den dräi Kardinol-Prefekte vun der Congregatioun wärend där Zäit, dem Achille Silvestrini, dem Ignace Moussa I Daoud an dem Leonardo Sandri. 2009 gouf hien 'Sous-secrétaire'[2] vun der Congregatioun genannt.
De 26. August 2014 huet de Poopst Franciscus hien als Bëschof[3],[4] vu Lodi an der Lombardei ernannt.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Rinunce e nomine, 26.08.2014 (it)
- ↑ Il bergamasco mons. Maurizio Malvestiti Sottosegretario alle Chiese Orientali
- ↑ La Diocesi di Bergamo in festa - Mons. Malvestiti vescovo di Lodi Archivéiert de(n) 27.08.2014. Gekuckt de(n) 28.08.2014.
- ↑ Mons. Malvestiti nuovo vescovo Archivéiert de(n) 29.09.2014. Gekuckt de(n) 28.08.2014.