De Matthias Bamert, gebuer de 5. Juli 1942 zu Ersiten an der Schwäiz, ass e Schwäizer Hautbois-Bléiser an Dirigent.

Matthias Bamert
Gebuer 5. Juli 1942
Bern
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Komponist, Dirigent

Nodeem de Bamert seng Musekstudien a sengem Heemechtsland an zu Darmstadt a Paräis hanneru sech hat, gouf hien 1965 éischten Hautbois-Bléiser am Salzburger Mozart Orchester. 1969 plënnert en an d'USA an huet seng Léier fir Dirigent beim George Szell gemaach. Duerno war hien Assistent vum Leopold Stockowsi a festugestallten (Resident) Dirigent vum Cleveland Orchestra ënner dem Lorin Maazel. Dës Ierfschaft ass gutt erauszehéieren aus senger Plack fir de Label Chandos mam BBC Philharmonic Orchestra mam Stockowski sengen Arrangementer vu Stécker vum Bach, Wagner a Mussorgski.

Vun 1977 bis 1983 huet de Bamert den Orchester vum Schwäizer Radio. Do goung et schétzeg weider. Éischte-Gaascht-Dirigent beim Scottish National Orchestra, Dirigent um "Contemporary Music Festival" Musica Nova tëscht 1985 an 1990. Zanter 1987 wunnt hien zu London. Dobäi kommen nach Weltpremièrë vu Wierker vu Komponiste wéi dem Toru Takemitsu, John Casken oder dem Wolfgang Rihm.

1993 gouf de Bamert Musikaleschen Direkter vun de London Mozart Players mat deenen hien iwwer 50 sinfonesch Wierker vun Zäitgenosse vum Mozart agespillt huet. 2000 gouf de Bamert Gaascht-Dirigent vum New Zealand Symphony Orchestra. Mat verschiddenen Orchesteren ass hie geleeëntlech op Besuch beim Musekfestival vu Luzern.

De Matthias Bamert ass ee vun deenen Dirigenten, déi am meeschten op der Rull sinn. A leschter Zäit spillt dat sech of tëscht den Orchestere vu Pittsburgh, Houston, Minnesota, dem West Australia Symphony Orchestra an dem Malaysian Philharmonic zu Kuala Lumpur.