Mateusz Morawiecki
De Mateusz Jakub Morawiecki [maˈtɛuʃ jakub mɔraˈvjɛt͡ski], gebuer den 20. Juni 1968 zu Wrocław, ass e polnesche Politiker (PiS). Hien ass zanter dem 11. Dezember 2017 Ministerpresident vun der Republik Polen. Virdru war hie Vize-Ministerpresident, Wirtschafts- a Finanzminister an der Regierung vu senger Virgängerin Beata Szydło.
Mateusz Morawiecki | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Mateusz Jakub Morawiecki |
Gebuer |
20. Juni 1968 Wrocław |
Nationalitéit | Polen |
Educatioun |
Universitéit Breslau, Universitéit vu Basel, Universitéit vun Hamburg, Politechnika Wrocławska |
Aktivitéit | Politiker, Manager, Historiker, Ekonomist |
Partei | Recht a Gerechtegkeet |
Famill | |
Papp | Kornel Morawiecki |
De Morawiecki kënnt aus enger antikommunistescher Famill an huet sech a jonke Joren an der politescher Oppositioun engagéiert, wou en ë. a. Mat-Editeur vun enger klandestiner Zeitung war.
No sengem Geschichts- (1992) an Economiesstudium (1995; MBA) huet hien 1996-97 an Däitschland iwwer de Finanzsecteur gefuerscht, an nach en Opbaustudium an Europäeschem Droit gemaach. Scho wärend dem Studium huet hien Handelsfirmen op d'Bee gesat a war Zeitungsredakteur.
1998 gouf hien ee vun den Negociateure vun der polnescher Regierung fir de Bäitrëtt vu Polen an d'Europäesch Unioun, an hat verschidde Posten an den Opsiichtsréit vun ëffentleche Firmen. 2001 gouf e President vum Comité vun der Bank Zachodni WBK.
Hie war vun 1998 bis 2002 Deputéierten am Parlament vun der Woiwodschaft Nidderschlesien. 2010 gouf e Conseiller vun der Beata Szydło. Wéi dës Ministerpresidentin gouf, gouf de Morawiecki Minister an hirem Cabinet.
De 7. Dezember 2017 huet d'PiS decidéiert, d'Regierung ëmzebilden, mam Resultat, datt de Morawiecki d'Szydło ersat huet.