Fir d'franséisch Protestanten, och Hugenotte genannt, ass de Massaker vu Wassy, den 1. Mäerz 1562, den Ufank vun de Reliounskricher.

De Massaker vu Wassy

Kontext änneren

Den 19. Oktober 1561 verléisst de François de Guise de kinneklechen Haff fir domat géint d'sougenannt modérés am Conseil vum Kinnek ze protestéieren. De 17. Januar 1562 gëtt den Edikt vum Januar verëffentlecht dee provisoresch d'Verbuet vum protestantesche Kult ophieft soulaang dëse baussent de Stadmaueren zelebréiert gëtt. Zu gudder Lescht däerf een och d'spektakulär Ännerung vun der politescher Konjunktur um franséische Kinnekshaff net vergiessen, wéi den Antoine de Bourbon, Kinnek vun der Navarre a Papp vum Henri IV., sech fir de Clan vun de Katholicken entscheet. Dat erméiglecht dem Guise zeréckzekommen. Dësen hat sech op seng Lännereien an der Champagne zeréckgezunn, an duerno op d'Lännereie vum Bëschof vu Stroossbuerg. Um Wee zeréck a Frankräich mécht hien eng Paus zu Wassy, warscheinlech fir an d'Mass ze goen.

De Massaker änneren

Wassy läit an der Champagne, an ass eng kleng Stad vun ëm déi 3.000 Awunner. Si läit net wäit vu Joinville ewech, dem traditionelle Sëtz vun der Famill Guise. Zanter Oktober 1561 gëtt et do eng protestantesch Kierch déi vill Gleeweger unzitt. Dëst ass fir d'Antoinette de Bourbon, Mamm vum Guise, e Skandal. Op deem 1. Mäerz sinn ëm déi 600 Leit an enger Scheier fir d'protestantesch Mass. Déi Scheier ass nach bannent de Mauere vun der Stad. De Guise, no de Kloe vu senger Mamm an dem Prieur vu Wassy, schéckt dräi Männer op d'Plaz fir sech méi genee z'informéiere wat do fir sech geet. D'Situatioun eskaléiert, an no Beleidegungen op béide Säite gräifen d'Katholicken zu de Waffen a massakréieren déi onbewaffnet Hugenotten. D'Zuel vun den Doudege läit tëscht 25 a 50, an et gëtt eng Ronn 150 Blesséierter gezielt.