Mary vun Dänemark

Kinnigin vun Dänemark


D'Mary Elizabeth vun Dänemark, Gräfin vu Monpezat; gebuer de 5. Februar 1972 am australesche Bundesstaat Tasmanien, als Mary Elizabeth Donaldson ass zanter dem 14. Januar 2024 Kinnigin vun Dänemark.

Mary vun Dänemark
Titelen
Kinnigin vun Dänemark
Zäit zanter dem 14. Januar 2024
Biographie
Gebuer 5. Februar 1972
Bestuet mat Frederik X. vun Dänemark

De 14. Mee 2004 huet si sech mam Frederik vun Dänemark bestuet, si hu 4 Kanner;

  • De Krounprënz Christian, Grof vu Monpezat (* 15. Oktober 2005);
  • D'Isabella, Komtess vu Monpezat (* 21. Abrëll 2007);
  • De Vincent, Grof vu Monpezat (* 8. Januar 2011);
  • D'Josephine, Komtess vu Monpezat (* 8. Januar 2011).

Um Spaweck änneren

Commons: Mary vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien