Martine Solovieff
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Martine Solovieff, gebuer den 5. Oktober 1957[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Juristin.
Martine Solovieff | |
---|---|
Gebuer |
5. Oktober 1957 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Stroossbuerg, Collège d'Europe |
Aktivitéit | Jurist |
Si huet vun 1977 bis 1981 op der Universitéit Stroossbuerg Droit studéiert an dës Studie mat enger Maîtrise ofgeschloss, an nach ee Joer um Collège d'Europe zu Bruges e Certificat des Hautes Études européennes gemaach. Dono war si, vun 1982 bis 1985 Affekotin um Barreau vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn Attachée de justice. Um Stater Parquet gouf si 1986 Substitut, 1992 Éischte Substitut an 1996 Substitut principal.[2]
1999 gouf d'Martine Solovieff zum Avocat général ernannt, an 2005 zum Premier avocat général.[2]
Si gouf am Februar 2015 vum Regierungsrot als Nofollgerin vum Robert Biever als Procureur général designéiert[3] an den 1. Juli 2015 vereedegt; si huet hiert Amt den 1. August 2015 ugetrueden.[2]
Zanter Juli 2023 ass si och Presidentin vum Conseil national de la justice, dee mam Akraafttriede vun der neier Verfassung agefouert gouf[4][5].
Mëtt August 2024 huet d'Martine Solovieff matgedeelt, datt si den 1. Februar 2025 a Pensioun geet[6].
Um Spaweck
ännerenCommons: Martine Solovieff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ (en)Martine Solovieff | Paperjam + Delano Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 30.06.2023.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Martine Solovieff iwwerhëlt Successioun vum Robert Biever." rtl.lu, Leschten Update: 01.07.2015, 17:27:13.
- ↑ "Martine Solovieff neie Procureur général." rtl.lu, 28.02.2015, 12:16:21.
- ↑ "Procureur Général d'Etat Martine Solovieff als nei Presidentin vereedegt." rtl.lu, 30.06.2023.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 22 mai 2023 portant nomination des membres du Conseil national de la justice. data.legilux.public.lu (22.05.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.
- ↑ (lb)Wiessel un der Spëtzt: Procureur général d'Etat Martine Solovieff geet 1. Februar a Pensioun. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 26.08.2024.