Donatien Alphonse François Marquis de Sade

(Virugeleet vu(n) Marquis de Sade)

Den Donatien-Alphonse-François, Marquis de Sade, gebuer den 2. Juni 1740 zu Paräis a gestuerwen den 2. Dezember 1814 zu Charenton-Saint-Maurice bei Paräis, war e franséischen Adelegen aus dem Haus Sade.

Donatien Alphonse François Marquis de Sade
Marquis de sade.jpg
Gebuer 2. Juni 1740
Paräis
Gestuerwen 2. Dezember 1814
Saint-Maurice
Doudesursaach Infektiounskrankheet
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Romancier, Philosoph, Dramatiker, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hie gouf bekannt duerch seng pornographesch, kierchefeindlech a philosophesch Romaner, déi e meeschtens déi Zäit, wéi en am Prisong souz, geschriwwen huet.

Hien huet dat, wat de Sigmund Freud 130 Joer méi spéit mat senger Eros-an-Thanatos-Theorie beschriwwen huet, déi en Zesummenhank tëscht dem Doudesdriff an dem Liewensdriff opstellt, a senge Romaner Juliette und Justine explizit ënnersicht an erausgestallt.

De Begrëff Sadismus gouf vu sengem Numm ofgeleet.

LiteraturÄnneren

  • Philippe Sollers, Sade contre l'Être Suprême, précédé de Sade dans le Temps; Paräis (Quai Voltaire), 1989; am Täschebuch 'folio'/Gallimard 1996 rééditéiert.
  • Gonzague Saint Bris, Marquis de Sade: l'ange de l'ombre; Paräis (Télémaque), 2013.
  • Michel Onfray, La passion de la méchanceté - Sur un prétendu divin marquis; Paräis (Autrement), 2014.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Marquis de Sade – Biller, Videoen oder Audiodateien