E Markéierstëft oder Marqueur ass eng Zort Feuter, déi geduecht ass, fir an engem Text bestëmmt Wierder oder Sätz ze markéieren, andeems ee grellfaarweg Tënt driwwermécht, déi den Text awer lieserlech léisst.

Iwwersträich-Stëfter a verschiddene Faarwen

Ee vun den Haaptproduzente vu sou Stëfter ass d'Firma Schwan-Stabilo; an der Ëmgankssprooch ginn se dofir och alt Stabiloe genannt, a geleeëntlech héiert een souguer stabiloen fir "iwwersträichen".

Déi gängegst Faarf ass Neongiel, et gëtt der awer och an Orange, Rosa, Gréng an Hellblo.