Marie-Thérèse Kolbach


D'Marie-Thérèse Kolbach (oder Juchem-Kolbach), gebuer den 23. Abrëll 1918 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 7. Februar 2009 zu Ettelbréck[1], war eng lëtzebuergesch Molerin an Zeechnerin, déi virun allem bekannt war fir hir Uelegbiller, Fresken a Wandmolereie respektiv Wanddekoratiounen.[2]

Marie-Thérèse Kolbach
Gebuer 23. Abrëll 1918
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 7. Februar 2009
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Papp Gustav Kolbach

D'Marie-Thèrèse Kolbach huet vun 1938 bis 1939 op der Académie des Beaux-Arts vu Léck studéiert, spéider zu Tréier (1944), da vun 1946 bis 1947 a vun 1954 bis 1956 op der Académie royale des beaux-arts vu Bréissel.[3]

1956 war si Laureatin vum Prix Potter,[3] an 1964 krut si, zesumme mam Roger Koemptgen, de Prix Grand-Duc Adolphe[2].

Si hat individuell Austellungen ë. a. zu Esch-Uelzecht (Galerie municipale: 1959, 1960, Theater: 1999), an der Stad Lëtzebuerg (Galerie Bradtké: 1959, Galerie Scatola: 1976, 1977, Galerie Clairefontaine: 1995), zu Rued-Sir (al Kierch: 2001), zu Iechternach (Abtei: 2001). Si huet u kollektiven Austellungen am Stater Cercle, zu Munneref, Wolz, Dikrech, Buerglënster, Prüm, Bréissel, Monte-Carlo, Tokyo, Arel, Heidelberg, etc. deelgeholl.[3]

Am Juli 2008 konnt een zu Beefort am Kader vun Art in Beaufort eng Retrospektiv vun hire Wierker gesinn.[4]

Si war d'Duechter vum Dr. Gustav Kolbach[5] a si war mam Victor Juchem (2.9.1925 - 22.4.2006)[6] bestuet. De Mann war aus der Fiels, mä d'Koppel huet zu Esch-Uelzecht gewunnt, wou de Victor Juchem eng Filial vun der Spuerkeess geleet huet. No senger Pensionéierung am Joer 1980 si si op Beefort geplënnert.[7]

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 12. Februar 2009.
  2. 2,0 2,1 G. Hausemer, 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, S. 221.
  3. 3,0 3,1 3,2 Marie-Thérèse Kolbach: exposition du 28 octobre au 4 novembre 2001. Echternach: Galerie d'art du Lycée classique et technique d'Echternach (ancienne abbaye St. Willibrord). 2001. 1 vol. (non paginé).
  4. Vom 17. bis 20. Juli 2008 15. Auflage des Kunstfestivals Art in Beaufort. [1]
  5. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 16. [2]
  6. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 26. Abrëll 2006.
  7. Ein Leben im Zeichen der Kunst: Marie-Thérèse Juchem-Kolbach feierte den Neunzigsten. In: De Beeforter, Nr. 42, 2008. S. 25 [3]

Kuckt och änneren