D'Marie-Henriette Steil, gebuer den 3. August 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 18. Dezember 1930, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.

Marie-Henriette Steil
Gebuer 3. August 1898
Gestuerwen 18. Dezember 1930
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Marie-Henriette Steil huet hir éischt Wierker an de Cahiers luxembourgeois publizéiert, et waren dat e puer Novellen an e fiktive Bréifwiessel (Lettres de Suzette à Micromégas). Och an der Luxemburger Zeitung an am Escher Tageblatt war si eng reegelméisseg Mataarbechterin.

1926 koum vun hir am Leipziger Xenien-Verlag e Buch mam Titel Tier und Mensch eraus, eng Zort ironesche Verglach vu mënschlecher an Déierepsychologie.

D'Marie-Henriette Steil ass 1930 an der Stad gestuerwen.

Hir zu Éieren huet d'Lëtzebuerger Post de 27. September 2005 een 1,-€ Timber erausginn.

Kuckt och änneren