D'Maria Jacoby oder Marie Jacoby, och als Mia Jacoby bekannt, gebuer de 15. Februar 1900 als Maria Anna Kasteleiner zu Eddersheim um Main a gestuerwen den 22. Januar 1990 zu Rocky River (Ohio)[1], war eng däitsch, dunn duerch Bestietnes lëtzebuergesch Molerin an Olympionickin.[2]

Maria Jacoby
Gebuer 15. Februar 1900
Eddersheim
Gestuerwen 22. Januar 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Jean Jacoby

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[3]

Si war déi zweet Fra vum Jean Jacoby. Nom Doud vum Jean huet si sech mat engem Amerikaner bestuet an ass mat him, als Mia Lamkin, an d'USA emigréiert.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D'Maria Anna Kasteleiner um Site gedbas.genealogy.net
  2. D'Maria Jacoby op der Websäit vu sports-reference.com
  3. D'Marie Jacoby op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. Adolphe Deville in Jean Jacoby. 1967.