Marc Vanacker
lëtzebuergesche Vëlossportler
De Marc Vanacker, gebuer den 29. Mäerz 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist a fréiere Vëlossportler.
Marc Vanacker | |
---|---|
De Marc Vanacker (lénks) an de Fränk Schleck (riets) | |
Gebuer |
29. Mäerz 1976 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Hie war 2001 Profi beim "Post Swiss Team" an 2002 bei "Marlux - Ville de Charleroi".
2001 war hie Lëtzebuerger Meeschter géint d'Zäit.
De Marc Vanacker schafft als Journalist bei der Dageszeitung La Voix du Luxembourg a schreift haaptsächlech iwwer déi lëtzebuergesch Innepolitik. Als Fachmann am Beräich Vëlossport, mat gudde Kontakter am lëtzebuergeschen an internationale Cyclistemilieu, gëtt hien och fir Reportagen iwwer Vëlosmanifestatiounen agesat.
Palmarès änneren
1998 änneren
- 47. am Tour de l'Avenir
1999 änneren
- 17. an der Flèche du Sud
- 3. an der 1. Etapp vun Esch-Uelzecht op Rëmeleng (172 km)
- 73. am Tour de l'Avenir
2001 änneren
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren (Kategorie Elite)
- 26. am Grand Prix des Nations
- 28. am Samsung Mobile Grand Prix (190 km)
- 41. am Rund um den Henninger-Turm
- 86. am Tour de Picardie
- 5. an der 2. Etapp vu Mers-les-Bains op Creil (171 km)
- 144. am Trofeo Mallorca (80 km)
2002 änneren
- 2. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite)
- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren (Kategorie Elite)
2003 änneren
- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren (Kategorie Elite)