Marc Sangnier

franséische Politiker

De Marc Sangnier, gebuer den 3. Abrëll 1873 zu Paräis an do gestuerwen den 28. Mee 1950, war e franséische kathoulesche Jurist, Journalist a Politiker.

Hie war de Pionéier vun de Jugendherbergen a Frankräich. 1930 huet hien déi éischt franséisch Jugendherberg opgemaach an d'Ligue française pour les auberges de feunesse (LFAJ) gegrënnt. 1932 gouf hie Matgrënner vun der Fédération internationale des auberges de jeunesse (International Youth Hostel Federation - IYHF). Op seng Propositioun hin ass 1937 de Lëtzebuerger Pierre-Joseph Müller zu Paräis als President vun der IYHF gewielt ginn.[1]

De Marc Sangnier huet um internationale Meeting vun den Ajisten, deen am Juni 1935 zu Lëtzebuerg war, deelgeholl.[2] Bei där Geleeënheet huet hien den 29. Juni 1935 op Invitatioun vum Touring Club eng Konferenz an der Stad am Festsall vun der ARBED gehalen.[3]

Säin Doud ass zu Lëtzebuerg besonnesch an de kathoulesche Kreesser zur Kenntnis geholl ginn. An der "Revue des Revues" vum 26. Juli 1950 ass d'Wort kuerz op de Verstuerwenen agaangen.[4] E bësse méi spéit huet d'kathoulesch Zeitung op eng "Plackett Marc Sangnier" opmierksam gemaach, e Buch, dat an nächster Zäit zu Paräis erauskomme sollt.[5]

Referenzen änneren

  1. P.J. Muller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxembourg 1968, S. 377.
  2. A. Grosbusch: Un siècle de mouvements de jeunesse. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg 1989, S. 280f.
  3. Escher Tageblatt 1935, Nr. 149 (27. Juni), S. 7.
  4. Luxemburger Wort 1950, Nr. 207 (26. Juli), S. 12.
  5. Luxemburger Wort, 1950, Nr. 240 (28. August), S. 4.