Marabou ass eng schweedesch Schockelasmark. Si gouf 1916 vum norwegesche Chocolatier Johan Throne Holst (1868-1946) gegrënnt, dee schonn an Norwegen e grousse Succès mat der Schockelasmark Freia hat. D'Mark ass nom Stuerk Marabu benannt, deen op der Verpakung ze gesi war. D'Produktion gouf 1919 an enger Fabrick zu Sundbyberg baussent Stockholm lancéiert.[1]

E Stéck Schockela vu Marabou mat dem aktuelle Logo, dem Buschtaf "M"

1990 si Freia a Marabou fusionéiert an déi nei Firma gouf 1993 vu Kraft Foods Inc., der haiteger internationaler Liewensmëttelentreprise Mondelez International, fir dräi Milliarden Norwegesch Krounen opkaf.

De Slogan "Mmm…Marabou" gouf 1956 agefouert a gëtt och haut nach benotzt.

Referenzen änneren

  1. Eng kuerz Iwwersiicht iwwer d'Geschicht vun der Mark op marabou.se (op Schweedesch) (gekuckt den 1. Mäerz 2015)