Mangareva
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mangareva (fréier Nimm: Peard oder Peard's Island (Beechey), Angauru, Raroata)[1] ass déi gréisst Insel a Verwaltungszentrum vun de Gambierinselen am ëstleche Südpazifik. Politesch gehéiert se zu Franséisch-Polynesien. D'Haaptuertschaft vu Mangareva heescht Rikitea.
Mangareva | |
---|---|
Geographie | |
Land | Frankräich |
Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
Gehéiert zu | Gambierinselen |
Koordinaten | 23°6'S, 134°57'W |
Fläch | 15,4 km² |
Längt | 8 km |
Breet | 1,3 km |
Héchste Punkt | Mont Duff () |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Gambier |
Haaptuert | Rikitea |
Demographie | |
Awunner | 1.239 |
Awunnerdatum | 2012 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 1797 |
Zäitzon | UTC−9 |
De polyneesesche Begrëff „Mangareva“ heescht iwwersat ongeféier: de Bierg deen um Waasser dreift.
Geographie änneren
Mangareva läit 1.590 km süd-ëstlech vun Tahiti a gehéiert geographesch zum Tuamotu-Archipel. Déi 8 km laang an op der schmuelster Plaz 1,3 km breet Insel läit – zesumme mat den anere Gambierinselen – an enger grousser Lagun. D'Insel huet eng relativ kleng Küstefläch, wou verschidde Siidlunge sinn. Bannenzeg ass d'Insel gréisstendeels onbewunnt.
Déi héchst Plazen op der Insel sinn de Mont Duff (441 m) an de Mont Mokoto (423 m).
Billergalerie änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Mangareva – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ (en)Young, J.L., Names of the Paumotu Islands, with the old names as far as they are known.. The Journal of the Polynesian Society, Volume 8 (4), S. 264–268 (Dezember 1899) Archivéiert op 2019-01-30. Gekuckt de(n) 03.09.2023.