Malou Faber-Hilbert

D'Malou Faber-Hilbert, gebuer de 4. Mäerz 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Léierin, Molerin an Theaterschauspillerin.

D'Malou Faber-Hilbert moolt a gravéiert zanter 1985. Virdrun huet si haaptsächlech Theater gespillt. Si ass Matgrënnerin vum Théâtre ouvert Luxembourg (TOL), an huet bis 1995 a verschiddene Stécker op Lëtzebuerger Bühne gestanen (De Bretzert, Don Quichotte, Candide, Don Juan, Le Malentendu, Cabaret Saint Germain...).

D'Malou Faber-Hilbert ass zanter 1997 Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL), wou si am Conseil d'administration ass. Si ass Member vum Atelier Empreinte.

Als Léierin ass si Schoulpresidentin vun der Schoul Zéisseng a Member vum Comité de cogestion vun der Stad Lëtzebuerg.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren