D'Maison du Grand-Duc, iwwersat d'Haus vum Groussherzog, ass eng Lëtzebuerger Verwaltung, déi an der Folleg vum Waringo-Rapport mat engem Arrêté grand-ducal vum 9. Oktober 2020 an d'Liewe geruff gouf[1].

Maison du Grand-Duc
Typ Verwaltung vum Maréchalat
Grënnungsdatum 9. Oktober 2020
Leedung Paul Dühr

D'Maison du Grand-Duc ënnersteet dem Haffmarschall an hir Haaptmissioun ass fir de Groussherzog a senger Funktioun als Staatschef administrativ a logistesch z'ënnerstëtzen.

Personalkader änneren

Zum Kader vun der Maison du Grand-Duc gehéieren den Haffmarschall, de Conseiller vum Grand-Duc a véier Direkteren, déi alleguer Staatsbeamte sinn a a vum Grand-Duc genannt ginn. Dernieft gëtt et nach Personal aus de verschiddene Staatskarriären.

D'Personal muss déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn an eng Sécherheetsberechtegung „ganz geheim” op Basis vum Gesetz vum 15. Juni 2004[2] vun der Autorité nationale de sécurité kritt hunn.

Fir de Persouneschutz vum Staatschef a vu senge Familljememberen ass d'Spezialunitéit vun der Police zoustänneg. D'Sécherheet vum Palais, vum Schlass Bierg a vum Schlass Fëschbech gëtt vun der Police assuréiert.

E schemateschen Organigramm gëtt op der Internetsäit vun der Maison du Grand-Duc publizéiert.

Haffmarschall änneren

D'Yuriko Backes war vum 9. Oktober 2020 bis zu hirer Ernennung als Finanzministesch de 5. Januar 2022 Haffmarschallin[3], [4].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Haffmarschall.

Direktiounskommitee änneren

Den Direktiounskommitee besteet aus follgende Memberen:

Titel aktuellen Titulaire zanter Referenz
Haffmarschall (President vum Kommitee) Paul Dühr 25. Februar 2022 [3]
Direkter vum Büro vum Haffmarschall Yves Arend 1. Februar 2021 [5]
Conseiller vum Grand-Duc Marc Baltes 9. Oktober 2020 [6]
Verwaltungs-, Finanz- a Personaldirekter Gilio Fonck 9. Oktober 2020 [7]
Organisatiouns- a Sécherheetsdirekter Robert Kohnen 14. Oktober 2020 [8]
Regie- an Infrastrukturdirekter

Den Direkter vum Büro vum Haffmarschall ass dem Haffmarschall säin Adjoint. Hie leet säi Büro an iwwerhëlt d'Presidence vum Direktiounskommitee wann den Haffmarschall net do ass.

De Conseiller vum Grand-Duc beréit an informéiert de Staatschef iwwer déi national an international politesch, wirtschaftlech a sozial Aktualitéit.

Den Verwaltungs-, Finanz- a Personaldirekter këmmert sech d'allgemeng Verwaltung, d'Comptabilitéit, d'Finanzen, d'Personal an d'Informatiounstechnologie. Hie preparéiert och de Budget.

Den Organisatiouns- a Sécherheetsdirekter ass verantwortlech fir d'Koordinatioun vun de Servicer Aides de camp, Persouneschutz a Schutz vun de Gebailechkeete vun der Maison du Grand-Duc.

De Regie- an Infrastrukturdirekter ass zoustänneg fir d'Koordinatioun an de Betrib vun der Regië vum Palais a vun de Schlässer vu Bierg a Fëschbech, grad ewéi fir de Fuerpark an d'Infrastrukturen.

Koordinatiounskommitee änneren

De Koordinatiounskommitee bekëmmert sech ë. a. ëm follgend Aufgaben:

  • d'Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc am Aklang mat der legaler Basis;
  • d'Koordinatioun vun de Relatiounen tëscht dem Staatschef an der Regierung;
  • d'Approbatioun vum Organigramm a vum Avant-projet vum Budget vun der Maison du Grand-Duc;
  • d'Ausübe vun de Pouvoiren iwwer d'Personal vun der Maison du Grand-Duc, sou wéi de Ressortminister dat fir d'Personal vum Staat mécht;
  • d'Approbatioun vun der Publikatioun wat déi institutionell Kommunikatioun vun der Maison du Grand-Duc ugeet;
  • d'Opstelle vun engem Inventaire vum Besëtz a Verméige vun der groussherzoglecher Famill, dat vum Lëtzebuerger Staat ënnerhalen a renovéiert gëtt, well et zum Ausübe vum Staatschef senger Funktioun bäidréit.

De Koordinatiounskommitee gëtt vum Haffmarschall a vum Generalsekretär vum Regierungsrot co-presidéiert, déi sech vu Mataarbechter an Experte berode loosse kënnen.

Budget änneren

De Budget dee fir d'Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc néideg ass, geet zu Laaschte vum Staat.

Den Avant-projet vum Budget gëtt vum Finanzdirekter preparéiert a vum Haffmarschall am Koordinatiounskommitee virgestallt. Duerno gëtt e vum Generalsekretär vum Regierungsrot un d'Inspection générale des finances viruginn, fir datt en am globale Budgetsgesetz vum Staat opgeholl gëtt.


Referenzen an Notten änneren

  1. Arrêté grand-ducal du 9 octobre 2020 portant institution de la Maison du Grand-Duc. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  2. Loi du 15 juin 2004 relative à la classification des pièces et aux habilitations de sécurité. legilux.public.lu (15.06.2004). Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  3. 3,0 3,1 (B3581) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  4. "Yuriko Backes, Georges Engel an Claude Haagen goufe vereedegt." rtl.lu, 05.01.2022.
  5. (B525) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-02.
  6. (B3582) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  7. (B3583) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  8. (B3602) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (14.10.2020). Gekuckt de(n) 02.02.2021.