Maison de la vie

(Virugeleet vu(n) Maison de la Vie)

D'Maison de la Vie ass den Numm vun engem fënnefstäckege Gebai, dat am Kader vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op der sougenannter Héichiewenterrasss um Belval, am Universitéitsquartier, gebaut soll ginn.

Et soll, zesumme mat der Maison de l'environnement, nërdlech vun der Place de l'Université, vis-à-vis vun der Maison du savoir, stoe kommen.

Architekt ass Architecture & Environnement; Bauhär ass de Fonds Belval.