Maison de l'ingénieur

(Virugeleet vu(n) Maison de l'Ingénieur)

Maison de l'ingénieur ass e Gebai, dat am Kader vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op der sougenannter Héichiewenterrasss um Belval, am Universitéitsquartier, gebaut gëtt.

Et kënnt nordwestlech vun der Maison du savoir stoen, am Agank vum Universitéitsquartier an ass fir d'theoreetesch Recherchen an de Beräicher Ingenieurswiesen a Geophysik vun der Uni Lëtzebuerg virgesinn. An den ënneschte Stäck sinn Unterrechtsraim virgesinn, iwwerdeems déi iewescht fir d'Fuerschung reservéiert sinn.

D'Maison de l'Ingénieur, déi eng total Fläch vu +/- 12.000 m² soll hunn, gouf vun der Association momentanée vun den Architektebüroen Anorak an:MLZD konzipéiert.

Um Spaweck änneren