Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.



Magenta (CMYK)
 
Zesummesetzung
RGB (r, gr, b) (219, 0, 115)
Webfaarwen hexa. DB0073
CMYK (c, m, gl, s) (0, 100%, 0, 0)
HSL (f, s, l) (328°, 100%, 86%)

D'Faarf Magenta konnt 1859 fir d'éischt Kéier syntheetesch produzéiert ginn. Et war dat kuerz no der Schluecht bei Magenta am Sardinesche Krich, a sou koum d'Faarf zu hirem Numm.

En Dëppe mat Magenta-Drockerfaarf

An der subtraktiver Faarfmëschung ass Magenta nieft Zyan, Giel a Schwaarz eng vun de Grondfaarwen fir Véierfaarwendrock an der Dréckerei.

An der additiver Faarfmëschung ass Magenta eng sekundär Faarf, se kann also nëmmen duerch eng Mëschung vu Blo a Rout entstoen. Et ass d'Komplementarfaarf zu Gréng. E Magenta-Filter léisst also nëmme Rout a Blo duerch; en ënnerdéckt Gréng.

Am RGB-Faarfsystem huet Magenta de Wäert 255, 0, 255. Bei den hexadezimale Webfaarwen huet Magenta de Code FF00FF.

Am Véierfaarwendrock, dee sech op de CMYK-Faarfsystem stäipt ass de Magenta-Wäert 29%, 64%, 0, 0.

Beim HSL-Faarfraum gëtt Magenta 300°, 100%, 100% geschriwwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Magenta (Faarf) – Biller, Videoen oder Audiodateien