Made in Luxe war eng lëtzebuergesch franséischsprocheg Gratiszäitschrëft an där d'Haapttheme Kultur an "Art de vivre" waren. Si gouf Enn 2004 lancéiert an huet sech eegene Wierder no u Leit mat vill Suen adresséiert.[1]

Si hat eng Oplo vu 14.000 Exemplairen, déi zu Lëtzebuerg, an och an der Belsch an a Frankräich verdeelt goufen. Made in Luxe ass all 2 Méint erauskomm. (Stand: 10.2013)[2]

2012 huet de Mediegrupp New Media Lux, zu deem och Made in Luxe gehéiert huet, Faillite gemaach.[3] Am Mee 2012 ass d'Zäitschrëft vun Editus iwwerholl ginn.[4]

D'Redaktioun hat Ufanks hire Sëtz zu Hamm an der Stad. Chefredaktesch war d'Véronique Blum, spéider dunn d'Anne Grulms.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D'Lëtzebuerger Land: L'autre presse gratuite (28. Abrëll 2011; gekuckt de 6. Juni 2012)
  2. madeinluxe.lu: Distributioun vun der September/Oktober Ausgab] (gekuckt den 18. Oktober 2013)
  3. L'essentiel: New Media Lux met la clé sous la porte (19. Mäerz 2012; gekuckt de 7. Juni 2012)
  4. editus-luxembourg.lu: "Our Story"] (gekuckt den 18. Oktober 2013)