Maandel

grousse längelzege Wäschkuerf, dee geduecht ass, fir Wäsch dran ze transportéieren

Eng Maandel ass e grousse längelzege Wäschkuerf, dee geduecht ass, fir Wäsch dran ze transportéieren. Am Géigesaz zu anere Wäschkierf, déi trotz dem Numm och zum Beispill aus Plastik kënne sinn, ass d'Maandel tatsächlech e Kuerf, dat heescht aus geflechtem Material.

Eng Maandel voll Wäsch

Am iwwerdroene Sënn gëtt den Ausdrock gebraucht fir "grouss Kéip" auszedrécken: Maandele voll Suen.