Eng MAC-Adress ass en 12-stellegen hexadezimale Code deen op all Netzwierkstéck steet (d. h. op all deenen Hardwaredeeler, déi eppes mam Netzwierk ze dinn hunn, wéi z. B. Netzwierkkaart, Router, Switch, asw.) an dee fir d'Erkennung vun den Netzwierkstécker ënnerenee geduecht ass.

Dofir ass d'MAC-Adress op all Netzwierkstéck anescht an all MAC-Adress gëtt et nëmmen eemol.

D'DHCP-Servere schaffen och mat MAC-Adressen.

Opbau vun der MAC-Adress änneren

Den Opbau ass am Fong ganz egal, et gëtt just déi Reegelen datt se muss 12 Zeechen hunn a se däerf all Kéier nëmmen eemol existéieren. Dofir kritt eng Firma, déi Netzwierkstécker hierstellt gesot, wéi eng éischt zwou Ufankszuele se benotzen däerf an hir Aufgab ass et dann, déi lescht 10 Zeeche weiderzeféieren. Dobäi musse s'oppassen, datt se net zweemol déi selwecht benotzt.

Eng MAC-Adress gesäit sou aus:

26-14-9a-26-1f-08