Māris Kučinskis

lettesche Politiker

De Māris Kučinskis, gebuer den 28. November 1961 am Bezierk Limbaži, ass e lettesche Politiker an zanter dem 11. Februar 2016 Ministerpresident vu sengem Land.

Māris Kučinskis
Gebuer 28. November 1961
Nationalitéit Lettland
Aktivitéit Politiker

De Kučinskis huet 1983 bis 1988 op der der Universitéit vu Lettland zu Riga Ekonomie studéiert. Dono huet hien an der Kommunalverwaltung vu Valmiera geschafft. 1991 gouf e Matgrënner vun der Firma „SIA Apgāds“, déi mat Baumaterial gehandelt huet. Ausserdeem huet hie fir de lokalen Energieproduzent Valmieras enerģija an d'Immobilieverwaltungsfirma Valmieras namsaimnieks geschafft. Zënter 2011 huet hie fir d'Associatioun vun de grousse Stied vu Lettland geschafft, a gouf 2013 hire President. Ausserdeem ass hien zênter 2012 un der Spëtzt vun der Lobby-Agence Liepājas pārstāvniecība Rīgā ("Representatioun vu Liepāja zu Riga").

Politesch huet hie sech zënter 1994 an der Kommunalpolitik, am Gemengerot vu Valmiera, engagéiert an deem e vun 1996 bis 2003 President war, souwéi en och zwee Joer President vum deempolege Rajon Valmiera war. 1998 huet en op der Lëscht vun der Tautas partija (Volkspartei, ouni Succès fir en Deputéiertemandat am Saeima, dem lettesche Parlament, kandidéiert, ass dunn awer 2003 'nogeréckelt'. Von 2004 bis 2006 war e Minister fir regional Entwécklung a kommunal Autonomie. Vun 2006 bis 2010 war en nees Deputéierten. Hien huet d'Partei gewiesselt, gouf dono net erëmgewielt, a konnt eréischt 2014 nees e Sëtz am Parlament kréien.

Nom Récktrëtt vun der Ministerpresidentin Laimdota Straujuma am Dezember 2015 huet de President Raimonds Vējonis den 13. Januar 2016 de Kučinski, chargéiert, eng nei Regierung ze forméieren. Den 11. Februar 2016 gouf hie vun der Saeima zum 13. Ministerpresident vu Lettland gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Māris Kučinskis – Biller, Videoen oder Audiodateien