Mëllech a Botter

(Virugeleet vu(n) Möllech a Botter)

Mëllech a Botter ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Pierre Bertogne an Alfred Heinen aus dem Joer 1939.

Mëllech a Botter
Film
Première 7. September 1939[1]
Dauer ronn 40 min
Originalsprooch keng (Stommfilm)
Ekipp
Regie Pierre Bertogne, Alfred Heinen
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

An der deemoleger Schreifweis gëtt de Film Möllech a Botter geschriwwen.[2][3][4][5]

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film sollt de Bauere weisen, wéi se déi bescht Botter a Mëllech produzéiere kéinten, an de Konsumente weisen, wéi gutt d'Produktioun an d'Kontroll vun deene Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ass.

E weist Bauerenhäff, déi e Modell fir déi aner Bauere sollt sinn, d'Zuucht an de Traitement vum Véi, d'Produktioun an den Ëmgank mat de Mëllech, d'Produktioun vum Botter, säi Gebrauch a seng Lagerung mat den adequate Maschinnen.[3]

Produktioun a Première änneren

De Film gouf am Optrag vun der Verkaufsgenossenschaft Luxemburger Molkereien (VGLM) produzéiert, ënnert där hirem deemolegen Direkter Chrétien Angelsberg.

Déi éischt Opféierung war am Gemengenhaus vun Dikrech, de 7. September 1939, am Kader vun der "Landwirtschaftlicher Jahrhundert-Ausstellung".[1][2][4][5]

De Film ass dem deemolege Landwirtschaftsminister Nicolas Margue gewidmet.

Jore méi spéit gouf den Documentaire bei der Luxlait erëmfonnt an 2011 vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) restauréiert, adaptéiert a Musek an e Kommentar derbäigemaach. Déi nei Versioun gouf duerno bei der Première a weideren Opféierunge vun De Bauereblues (2011) gewisen, engem lëtzebuergeschen Documentaire iwwer d'Landwirtschaft.[6][7]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Landwirtschaftliche Jahrhundert-Ausstellung in Diekirch, Obermosel-Zeitung, 31. August 1939, Säit 8
  2. 2,0 2,1 Ein Luxemburger Bauernfilm., Obermosel-Zeitung, 16. September 1939, Säit 5
  3. 3,0 3,1 Assemblée mensuelle de décembre 1939, Société des naturalistes luxembourgeois, Bulletins Mensuels, Compte-rendus des scéanes, Juni 1946, Säit 194
  4. 4,0 4,1 Landwirtschaftliche Jahrhundert - Ausstellung , Luxemburger Wort, 7. September 1939, Säit 4
  5. 5,0 5,1 Landwirtschaftliche Jahrhundert-Ausstellung, Escher Tageblatt, 6. September 1939, Säit 4
  6. gouvernement.lu: Rapport d'activité 2011, Le Ministère de la Culture, Säit 80
  7. rtl.lu: "De Bauereblues": Documentaire vum Julie Schroell (9. November 2011)