E Mëllechbock oder Kanebock ass eng primitiv, massiv Konstruktioun, op där d'Bauere fréier an den Dierfer hir Mëllechkanen ofgestallt hunn, déi dann e Camion vun der Molkerei do ewechgeholl huet, a wou déi eidel Kanen oder déi mat der gejummter Mëllech nees drop gesat konnte ginn.

Mëllechbock zu Duelem bei Garnech

Idealerweis hat de Mëllechbock eng Héicht déi der Hallschent vun der Héicht vun der Plattform vum Camion entsprach huet, sou datt keen zevill héich huet brauchen ze hiewen.