Mémorial national au maquisard inconnu

De Mémorial national au maquisard inconnu ass eng Erënnerunsplaz zu La Reid an der Gemeng Theux fir un d'Aktivitéiten an d'Affer vun de belsche Maquisarden an där Géigend z'erënneren. Et steet um Col du Maquisard op enger Héicht vun 367 Meter laanscht d'N697 déi vu La Reid op Spa féiert.

De Mémorial national au maquisard inconnu um Col du Maquisard

D'Plaz gouf vun der Fédération nationale des ex-maquisards de Belgique den 29. Mee 1949 ageweit. Um Fouss vum Monument ass eng Urn agebaut an där d'Äsche vum Maquisard Inconnu sinn.