Médecins sans frontières

(Virugeleet vu(n) Médecins Sans Frontières)

Médecins sans frontières, ofgekierzt MSF, ass eng privat international Netregierungsorganisatioun, déi zanter 1971 an haut an iwwer 80 Länner am Beräich vun der Nouthëllef bei Naturkatastrophen a Konflikter aktiv ass.

D'Entrée vun engem Flüchtlingscamp am Tschad.

1999 krut MSF de Friddensnobelpräis fir hir humanitär Pionéierleeschtung op e puer Kontinenter.

MSF huet sech als Zil gesat, virun allem kuerzfristeg medezinesch Hëllef bei Katastrophen (natierlech oder vum Mënsch verursaacht) ze leeschten. Do dernieft si si och a chronesche Konfliktgebidder aktiv, wou keng „normal” Hëllefsstrukturen (méi) do sinn. A verschiddene Länner si si esou déi eenzeg Hëllefsorganisatioun um Terrain. Wann d'Situatioun sech verbessert, gi si hir Aktivitéiten u lokal Strukture virun.

D'Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, an déi administrativ a logistesch Mataarbechter vun MSF maachen dat op Basis vum Benevolat. Wa se méi wéi ee Joer do schaffen, kréien s'eng Indemnitéit fir hir Onkäschten. Privatspender droen zu 90 % vun den MSF hirem Budget vun ongeféier 1,63 Milliarden US-Dollar bäi.

Médecins Sans Frontières gouf 1971, an der Nuecht vun der Biafraer Sezessioun, gegrënnt. D'Grënner waren eng kleng Grupp vu franséischen Dokteren a Journalisten, déi versicht hunn d'Zougänglechkeet vun der medezinescher Versuergung iwwer national Grenzen an onofhängeg vun de Rassen, der Relioun oder dem sozialen Gesellschaftsstand z'erméiglechen. De Médecins sans frontières hire Grondprinzip ass fir bei Konflikter strikt onparteiesch ze sinn.

Nëmmen eemol an hirer Geschicht, beim Genozid 1994 am Ruanda, huet d'Organisatioun no enger militärescher Interventioun gefrot.

Si sinn onofhängeg vu Regierungen an decidéiere selwer, wou si aktiv ginn. Hiert éischt Zil ass, datt d'Hëllef bei déi kënnt, déi s'am néidegsten hunn. Wa se feststellen, datt dat net de Fall ass, kënne se decidéieren, sech zeréckzezéien.

D'Prinzippie vun MSF an d'operationell Richtlinne sinn an hirer Charta, an de Chantilly-Prinzippien an am méi spéide La-Mancha-Accord festgeluecht.

Si kruten den Nobelpräis 1999 an d'Unerkennung vun de Membere wéinst hiren Efforten fir medezinesch Versuergung an akute Krisen z'entwéckelen, an och fir international d'Sensibilitéit vu potenziellen humanitäre Katastrophen z'erhéijen.

MSF huet lokal Sektiounen an enger 18 Länner, dorënner och Lëtzebuerg.

Urspronk änneren

Wärend dem nigerianesche Biergerkrich vun 1967 bis 1970 huet d'nigerianesch Arméi eng Blockad ronderëm déi nei onofhängeg südost-orientéiert Regioun, de Biafra, gemaach. Déi Zäit war Frankräich den eenzege groussen Ënnerstëtzungsstaat vun de Biafraner (England, d'Sowjetunioun an d'USA hunn d'Nigerianesch Regierung ënnerstëtzt) an d'Liewenskonditioune bannent der Blockad waren der Welt onbekannt. Eng Rei franséisch Dokteren hu sech beim Roude Kräiz ugebuede fir fräiwëlleg an de Spideeler an de Ravitaillementszentren am Biafra ze schaffen. Ee vun den Matgrënner vun der Organisatioun war de Bernard Kouchner, dee spéider e franséische Minister gouf.

Grënnung 1971 änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Groupe d'Intervention Médicale et Chirurgicale en Urgence gouf 1971 vu franséischen Dokteren gegrënnt, déi schonn am Biafra geschafft hate fir Hëllef ze leeschten an d'Wichtegkeet vun der neutraler Behandlung vun den Affer z'ënnerstëtzen.

Zur selwechter Zäit huet de Raymond Borel, de Redakter vum franséische Medezinsmagazin TONUS, d'Grupp Secours Médical Français als Reaktioun op de Bhola-Zyklon, den 1970 ugefaangen huet, an deen op d'mannst 625.000 Mënschen am Ostpakistan ëmbruecht huet. Dem Borel säin Zil war et, Dokteren ze rekrutéieren, fir Affer vun Naturkatastrophen ze hëllefen.

Den 22. Dezember 1971 hunn déi zwou Gruppe sech dunn als Grupp Médecins Sans Frontières zesummegesat.

Déi éischt Missioun vun MSF war an der nicaraguanescher Haaptstad Managua, wou en Äerdbiewen 1972 de gréissten Deel vun der Stad zerstéiert hat a wou 10.000 bis 30.000 Leit gestuerwe sinn.

Den 18. an 19. September 1974 huet den Hurricane Fifi grouss Iwwerschwemmungen am Honduras verursaacht an Dausende vu Leit sinn ëm d'Liewe komm (Schätzunge variéieren), an do huet den MSF hir éischt laangfristeg medezinesch Missioun opgestallt.

Tëschent 1975 an 1979, nodeems Krich tëschent dem Süd- an dem Nordvietnam ausgebrach ass, hu Millioune Kambodschaner missen an Thailand emigréieren, fir d'rout Khmer ze vermeiden. D'MSF hunn do hir éischt Flüchtlingslager-Missioun an Thailand gemaach.

Dem MSF seng Missioun an Thailand kann zu senger éischter MSF-Missioun an enger Krichszon am Joer 1976 ugesinn ginn.

D'Joren 2010 bis elo änneren

2015 sinn 13 Membere vun MSF gestuerwen, wéi d'US Air Force ee Spidol zu Kondôz am Afghanistan bombardéiert huet.  

Am Juni 2016 huet de Jérôme Oberreit, internationale Generalsekretär vu Médecins Sans Frontières, bekannt ginn, datt d'Organisatioun keng europäesch Fongen akzeptéiere géif aus Protest géint d'europäesch Politik a virun allem géint den Accord tëscht Europa an der Tierkei, datt all syresche Flüchtling misst zeréckgehalen oder zeréck a Syrien geschéckt ginn.

Beim Sexskandal ëm d'Organisatioun Oxfam am Joer 2018 ass bekannt ginn, datt och Mataarbechter vun MSF bei sexuellen Iwwergrëffer participéiert hunn. Am Joer 2017 goufe 24 Fäll gemellt. MSF huet awer matgedeelt, datt déi Zuel méi héich ass, well net all Fall matgedeelt gouf.

D'Charte änneren

Den Auteur vun der Charte vun MSF ass de Philippe Bernier.

"Médecins sans frontières hëlleft de Leit déi Hëllef brauchen, ouni Diskriminatioun vu Rass, Relioun, Philosophie oder Politik. Fir dat op eng neutral an onparteilech Manéier ze maachen, well MSF am Numm vun der universeller medezinescher Eethik an dem Recht op humanitär Hëllef, mat voller Fräiheet an hirem Beruff schaffen. Si sinn engagéiert d'ethesch Prinzipie vum Beruff ze respektéieren an eng total Onofhängegkeet ze hunn, wat de Pouvoir, politesch, wirtschaftlech oder reliéis ugeet. Fräiwëlleg musse wëssen, wéi eng Risiken a Geforen an de Missiounen déi se maachen op si zoukommen."

Médecins Sans Frontières Luxembourg änneren

Déi lëtzebuergesch Sektioun vun MSF gouf 1986 gegrënnt. 26 Salariéë schaffe fir si an hëllefen, Informatiouns- a Sensibiliséierungskampagnen ze maachen, Donen ze sammelen, déi Fräiwëlleg z'encadréieren an am Kader vum Projet LuxOR (Luxembourg Operational Research) Recherchen ze maachen, déi dozou déngen, zukünfteg Interventiounen nach méi effikass ze maachen.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Médecins sans frontières – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Qui sommes nous? op msf.lu.