Méchelskapell vu Lascheid

D'Méchelskapell vu Lascheid ass eng Kapell aus dem Joer 1759 an ass déi zweet Kapell op der Plaz.

D'Méchelskapell am Joer 2010

Déi éischt Kapell war 1666 vum Lécker Weibëschof konsekréiert ginn. Se war 14,5 m laang, 7 m breet an 10 m héich. Déi Kapell gouf 1759 opgerappt an duerch den haitege Bau ersat.

Déi haiteg Kapell huet ee Schëff an e ronnt Verwëllef. 1902 krut d'Kapell en Tuerm deen op der Westsäit bäigeprafft gouf. 1957 goufe déi südlech baussenzeg Mauer an den Daach vu Grond op erneiert, et koum en Duxall dobäi an de Buedem gouf mat Plättercher ausgeluecht.

1989 hunn d'Laschetter an Eegeregie mat Ënnerstëtzung vun der Gemeng an der Kierchefabréck eng Sakristei bäigebaut. Déi baussenzeg Mauere goufe mat Steng vum ale Schoulstall gebaut, a gläichzäiteg gouf eng Loftheizung installéiert. Den ale Rokokosakristeischaf, deen hanner dem Altor stoung, gouf ofgeriicht an nees an der neier Sakritei agebaut. Den Altor aus dem 18. Joerhonnert konnt dunn no Oste versat ginn, woduerch de Chouer méi grouss gouf.

Uewen am Altor steet eng Statu vum hellege Laurentius. Riets a lénks vun der zentraler Mariestatu déi drënner steet, sti Statue vun den hellege Péiter a Paul.