Mère Franziska
Nonn a Grënnerin vun der Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Mère Franziska, gebuer den 21. Oktober 1804[1] zu Izel an der Provënz Lëtzebuerg als Anne Elisabeth Dufaing d'Aigrement, a gestuerwen de 16. Juni 1880 an der Stad Lëtzebuerg[2], war eng Nonn a Grënnerin vun der Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde.
Mère Franziska | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anne Elisabeth Dufaing d'Aigrement |
Gebuer |
21. Oktober 1804 Izel (Belsch) |
Gestuerwen |
16. Juni 1880 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | École privée Notre-Dame Sainte-Sophie |
Aktivitéit | Nonn |
Hir Famill ass am Joer 1815 an d'Stad geplënnert. Vun 1817 bis 1821 war d'Elisabeth am Pensionat Sainte-Sophie, wou si sech zesumme mat der Mère Supérieure ëm aarm Leit gekëmmert huet[2].
D'Elisabeth ass de 15. Juni 1847 mat hirer Frëndin Louise Augustin an eng maison des pauvres an der Rue Saint-Ulric[3] agezunn. Deen Akt gëllt als d'Grënnung vun der Congregatioun.
An der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss no hir benannt: rue Mère Franziska (L-1548).
Referenzen
änneren- ↑ Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert de(n) 2020-02-01. Gekuckt de(n) 2020-03-28.
- ↑ 2,0 2,1 L'origine et le cheminement de notre Congrégation sont inséparablement liés à la vie d'Anne Elisabeth Dufaing d'Aigrement op cathol.lu. Opgeruff den 28. Mäerz 2020.
- ↑ Leyder, Annie-Marie (2012). Elisabeth Dufaing (1804-1880) et les débuts de la Congrégation des Franciscaines au Luxembourg. ons stad (100). Opgeruff den 28. Mäerz 2020.