Lynchjustiz

(Virugeleet vu(n) Lynchen)

Lynchjustiz ass e Mord un enger oder méi Persounen dee begaange gëtt, fir d'Affer ze bestrofen oder bestëmmt aner Bevëlkerungsgruppen anzeschüchteren, ze kontrolléieren oder ze manipuléieren. Dat Ganzt spillt sech generell an der Ëffentlechkeet ouni Geriichtsprozess a Verdikt of.

An Zäite vu sozialen a wirtschaftleche Spannunge kënnt Lynchjustiz méi dacks vir a gëllt als Method vun dominéierende Gruppe fir hir Géigner kleng ze halen. D'Lynchen ass d'Resultat vun enger laanger Zäit mat Virurteeler an Diskriminatioun, deen d'Gesellschaft dozou bréngt sou Praktiken als normal "Volleksjustiz" z'akzeptéieren.

Obwuel d'Rassenënnerdréckung an den USA dem Begrëff "Lynchen" seng aktuell Bedeitung ginn huet, gëtt et sou Praktiken iwwerall op der Welt, besonnesch wa Vëlker Mënsche bestrofen, déi sech ausserhalb vun den an där Regioun gesellschaftlech akzeptéierte Limitte beweegen.

D'Lynchen ass e gewalttätege Phenomeen, dee schwéier ze konzeptualiséieren ass, well vill verschidden Aspekter eng Roll spillen; dowéinst ass seng Definitioun ëmmer kontrovers. Trotzdeem gëtt et vill gemeinsam Charakteristike bei alle Fäll vu Lynchjustiz, déi ouni grouss Ambivalenz kënne beschriwwe ginn. Esou ass d'Lynchen e Verbriechen, dat vun enger Mënschemass géint eng Persoun oder eng kleng Grupp u Leit begaange gëtt, well déi mat den etabléierte sozialen Norme gebrach hunn, oder hinnen dat op d'mannst virgeworf gëtt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lynchen – Biller, Videoen oder Audiodateien