Dësen Artikel beschäftegt sech mat enger fréierer Zeitung. Fir d'Post-Entreprise vu Lëtzebuerg, kuckt wgl. Post Luxembourg.

Luxemburger Post war eng däitschsproocheg Zeitung zu Lëtzebuerg, déi mëttwochs a sonndes tëscht dem 20. Dezember 1893 an dem 31. Dezember 1909 erauskomm ass. Editeur war de Joseph Brück.[1]

Redakter war vum Januar 1894 bis Enn Mee 1896 de Jean Gusenburger, dee virdru bei der Luxemburger freie Presse war. E grousse Succès haten hir Bäiluechte mam Titel Luxemburger Romanzeitung, Die kleine Hausfrauenzeitung, sou wéi Der kleine Landwirth. Am Süde koum eng eege Regionaleditioun eraus, déi Escher Post housch.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704 - 2004- Luxemburg, SIP, 2004, S.148.