Luxembourg Pride
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Luxembourg Pride, bis 2018 Gaymat, oder virdrun och Gay mat geschriwwen, ass e soziokulturelle Festival, deen zanter 1999 eemol d'Joer vun der Asbl Rosa Lëtzebuerg organiséiert gëtt. De Festival, deem säi Programm sech mëttlerweil iwwer eng ganz Woch erstreckt an aus Filmvirféierungen a Konferenze besteet, schléisst mat enger Rei Concerten a Büneshowen um zweete Samschdeg am Juli offiziell of.
Ufanks sollt Gaymat d'Gesellschaft op d'Problemer vun der lesbescher, lénkser, bisexueller an transgender Communautéit opmierksam maachen, haut ass et e Festival géint all Aart vun Diskriminatioun.
Wéinst der Covid Pandemie gouf d'Pride 2020 zu Esch annuléiert an et gouf eng an digitaler Versioun gemaach.
Aus Gaymat gëtt Luxembourg Pride
ännerenD'Organisateure vum Queer-Festival hunn 2019 beschloss, den Numm vun der Veranstaltung z'änneren, absënns well déi vill auslännesch Visiteuren net verstinn fir wat d'Wuertspill „gaymat“ ((en) „gay” (lénks) + (lb) „mat”, also géi mat) eigentlech steet[1].
Pride Week
ännerenD'Pride Week geet zanter e puer Joer mat enger Commemoratiounszeremonie beim Musée de la Resistance lass. Déi Zeremonie besteet aus Riede vum President oder Presidentin vu Rosa Lëtzebuerg, Vertrieder vun der Escher Gemeng an och aneren Politiker.
Aner Evenementer an dëser Woch fannen och all zu Esch statt, dozou gehéieren eng Queer Movie Night an Diskussiounen, déi an der Kulturfabrik stattfannen. Des Weidere gëtt et och Ausstellungen an der Escher Gemeng an/oder am Escher Theater.
Reckbléck op de GayMat
ännerenJoer | Motto | Plaz |
---|---|---|
1999 | Homologation des droits | Lëtzebuerg |
2000 | Liberté, Égalité, Diversité | Lëtzebuerg |
2001 | Lénks leie geloss? | Lëtzebuerg |
2002 | TrOUT Iech | Lëtzebuerg |
2003 | Verliebt-Verpartnert-Verheiratet | Lëtzebuerg |
2004 | GayMat wielen | Lëtzebuerg |
2005 | GayMat weider | Lëtzebuerg |
2006 | GayMat ons | Lëtzebuerg |
2007 | Homokulturel | Lëtzebuerg |
2009 | GayMat "...och fir eis!" | Lëtzebuerg |
2010 | GayMat op Esch | Esch-Uelzecht |
2011 | GayMat op Esch - reloaded | Esch-Uelzecht |
2012 | GayMat bis un d'Ziel | Esch-Uelzecht |
2013 | GayMat, eng Famill fir eis all! | Esch-Uelzecht |
2014 | GayMat, Diversity meets Education | Esch-Uelzecht |
2015 | GayMat, 4 #Human Rights | Esch-Uelzecht |
2017 | GayMat „Stand Together“[2] | Esch-Uelzecht |
2018 | GayMat "Open your Mind" | Esch-Uelzecht |
2019 | Luxembourg Pride: "don't hide, be Pride!" | Esch-Uelzecht |
2020 | Du bass net alleng | Esch-Uelzecht |
2021 | Out & Loud ! | Esch-Uelzecht |
2022 | Remix Diversity | Esch-Uelzecht |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Aus Gaymat wird „Luxembourg Pride“: Wieso die Veranstaltung den Namen ändert, op tageblatt.lu den 20. Mäerz 2019
- ↑ GayMat: Zesumme si mer méi staark, Moien.lu, 10. Juli 2017