Luxembourg Jazz Orchestra

Luxembourg Jazz Orchestra, gekierzt LJO, ass eng lëtzebuergesch Big Band, déi am November 1993 hiren Ufank hat, wéi den Ernie Hammes d'Big Band ënnert dem Numm Tribute to Jazz Big Band fir déi 1993er Edition vum Printemps musical gegrënnt huet.

Et goung drëm fir déi bescht Jazzmuseker zesummen ze brénge fir déi lëtzebuergesch Jazz-Zeen ze presentéieren a fir international Jazz-Stare professionell begleeden ze kënnen.

De Repertoire ëmfaasst all d'Jazz-Stiler vum traditionelle Swing bis zum Hard-Bop.

Um Spaweck änneren