Luxembourg Féminin

lëtzebuergesch Fraenzäitschrëft

Luxembourg Féminin ass eng lëtzebuergesch Fraenzäitschrëft. Si koum fir d'éischt am Dezember 2006 mat enger Oplo vu 15.000 Exemplairen eraus.[1] Am Mee 2010 war d'Oplo op 12.500 Exemplairë gefall.[2] Si gëtt vu Luxe Presse International publizéiert, enger Firma, déi vum franséische Grupp ATC an dem Nicolas Graas gegrënnt gouf.

D'Entête vun Luxembourg Féminin

Luxembourg Féminin kënnt eemol am Mount eraus. Am Géigesatz zu Femmes Magazine ass se net gratis.

D'Chefredaktrice ass d'Isabelle Debuchy. D'Redaktioun huet hire Sëtz an der Philippsgaass an der Stad.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. keepcontact.lu: Vient de paraître: N°1 de Luxembourg Féminin (10. Dezember 2006; gekuckt de 14. Juni 2012)
  2. keepcontact.lu: Du nouveau pour le magazine Luxembourg Féminin (15. Mee 2012; gekuckt de 14. Juni 2012)