Luxbazar ass eng lëtzebuergesch Wochenzeitung fir Annoncen.

Déi éischt Nummer koum den 18. Januar 1991 mat 12 Säiten eraus.[1] Den Éditeur ass de Pascal Seebach. De Sëtz ass an der Diddenuewener Strooss (rue de Thionville) an der Stad Lëtzebuerg.

D'Oplo louch am Joer 2005 bei 25.000 Stéck pro Ausgab, déi a ganz Lëtzebuerg an am Grenzgebitt vun de franséischsproochegen Nopeschlänner verkaaft ginn. An der Zeitung stinn haaptsächlech kleng Kaf- a Verkafsannoncen, awer och Aarbechts- a Kontaktannoncen. Privatleit kënnen d'Annonce gratis opginn, entweeder schrëftlech, per Telefon, Fax, oder SMS. Kommerziell Reklammen an Annoncë mussen awer bezuelt ginn.

D'Zeitung kënnt normalerweis ëmmer freides eraus. D'Annoncen aus dem Luxbazar gi mat engem gewëssen zäitlechen Ofstand och am Internet publizéiert.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 24.400 Leit iwwer 15 Joer de Luxbazar gelies (5,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Nous connaître
  2. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.