Lux by Night, spéider LuxbyNight, war eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft, déi 2012 gegrënnt gouf. Si war an den éischte Joren am Géigesaz zu deenen anere Gratiszäitschrëften zu Lëtzebuerg gréisstendeels op Däitsch a gouf an engem klenge Format vun 10,5 op 15 cm gedréckt. Lux by Night huet sech eegenen Aussoen no u Leit tëscht 16 a 40 Joer geriicht. Haapttheme ware Lifestyle, Trend an Erausgoen. Et konnt een d'Zäitschrëft an ëffentlechen a privaten Ariichtungen am Groussraum Lëtzebuerg, zu Tréier an an der Ëmgéigend fannen.[1]

Lux by Night
Éischte Logo vu Lux by Night (2012-2017)
Typ Zaïtschrëft
Éischt Ausgab 2012
Lescht Ausgab 20??
Land Lëtzebuerg
Sujeten Erausgoen, Lifestyle

D'Redaktioun hat hire Sëtz an den éischte Joren an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng.[2] Lux by Night hat 2012 eng Oplo vun 10.000 Exemplairen a koum all éischten Dag vum Mount eraus.

Am Februar 2018 gouf d'Zäitschrëft nei lancéiert, exklusiv op Franséisch. Si hat dunn eng Oplo vun 8.000 Stéck.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Presentatioun vun Lux by Night (gekuckt den 30. August 2012)
  2. festivalduchatnoir.com: "LuxByNight: Magasine gratuit événementiel au Luxembourg" (gekuckt den 30. August 2012)
  3. adada.lu: Nouvelle formule pour LuxByNight (7. Februar 2018)