De Lupulin ass eng gielzeg Flëssegkeet, déi batter schmaacht, an déi aus de Fruuchtzape vun der weiblecher Happ-Planz erausgeholl ka ginn.

Nodeem d'Fruuchtkeelen, d'strobuli lupili, am spéide Summer rekoltéiert goufen, gi se gedréchentan duerch e Siff passéiert. Op déi Manéier bleift de Lupulin erhalen. Dëse Pudder ass brongelzeg-giel an huet dat Battert vum Happ.

An der Naturmedezin gëtt de Lupulin gebraucht, wéi de Baldrian an d'Passionsblumm, fir ze berouegen. E léisst sech a Form vun Téi drénken.