Luena (Moxico)

(Virugeleet vu(n) Luena)

Luena ass eng Stad am Oste vun Angola an d'Haaptstad vun der Provënz Moxico. Wärend der portugisescher Kolonialzäit huet se Luso, respektiv Vila Luso geheescht.

Luena
D'Verwaltungsschoul zu Luena
Land Angola
Vewaltungseenheet Moxico
Awunner 357.413
  2014
Fläch ?
Héicht 1.350[1]
Koordinaten 11° 47’ 30.48’’ S
      19° 54’ 22.32’’ O
Telefonszon 054
Websäit /

Luso ass 1895 vum Lieutenant-Colonel Trigo Teixeira gegrënnt ginn a krut den 18. Mee 1956 Stad-Statut. 1975, wéi Angola onofhängeg ginn ass, krut se den neien Numm Luena, benannt no engem Waasserlaf südlech vun der Stad.[1]

Mat enger duerchschnëttlecher Altitude vun 1.350 Meter falen zu Luena ronn 1.200 mm Reen d'Joer.[1] Am Schnëtt läit d'Temperatur bei 21 Grad Celsius.[1]

2017 hunn zu Luena Schätzungen no 390.707 Awunner gewunnt, dovun 183.845 Fraen.[2] D'Stad setzt sech aus ënnerschiddlechen ethnesch-linguistesche Gruppen zesummen, dorënner Côkwe (déi gréisst Grupp), Luvale, Ovimbundu, Bundas, Luchazes a Lunda Dembo.[1]

Luena läit un der Benguelabunn tëscht Huambo am Zentrum vum Land a Luau bei der Grenz mam Kongo. De Fluchhafen vu Luena huet den IATA-Code LUO.

De laangjäregen UNITA-Leader Jonas Savimbi läit zu Luena begruewen.[3]

Biller änneren

Commons: Luena – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Agëncia Angola Press: Cidade do Luena existe há 61 anos (18. Mee 2017)
  2. Zitéierfeeler: Ongëlteg <ref> Markéierung; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm pop
  3. Mail & Guardian: Jonas Savimbi's tomb vandalised, says Unita (23. Januar 2008)