Lucy spillt um Späicher mam Däiwel
Lucy spillt um Späicher mam Däiwel (heiansdo als L.S.D. ofgekierzt) war eng lëtzebuergesch Coverband, déi Lidder vun de Beatles op Lëtzebuergesch gesongen huet.
Lucy spillt um Späicher mam Däiwel | |
---|---|
Museksgenre | Pop-Rock (Beatles-Coveren) |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2010[1] |
Trennung | 2015 |
Websäit | |
Memberen |
Daniel Terrao ("John", Gesank, Rythmusgittar) Régis Rolando-Eugio ("Paul", Gesank, Bass) Benjamin Renz ("George", Leadgittar, Gesank) Laurent Fuchs ("Ringo", Batterie)[2] Jean Marc Heinen (Batterie)[3] |
Bandgeschicht änneren
D'Grupp gouf 2010 gegrënnt. All hir Lidder ware Lidder vun de Beatles, deenen hir Texter si op Lëtzebuergesch iwwersat hunn: aus Please, Please Me ass Wann ech gelift bied mech un ginn; A Hard Day's Night ass En haarden Dag; a Lucy in the Sky With Diamonds heescht Lucy spillt um Späicher mam Däiwel.[1]
L.S.D. waren ënner anerem op der Fête de la musique zu Gréiwemaacher (2013) an zu Diddeleng (2014), um Food for Your Senses (2013) an um Water-Art Festival (2012) opgetrueden.
No 2015 huet een näischt neies méi vun der Grupp héieren.