Lucien Koenig

(Virugeleet vu(n) Lucien König)
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Lucien Koenig, genannt Siggy vu Lëtzebuerg[1], gebuer den 10. August 1888, a gestuerwen de 15. September 1961, war e lëtzebuergeschen Enseignant, Schrëftsteller a Politiker.

Lucien Koenig
Lucien Koenig.jpg
Gebuer 10. August 1888
Gestuerwen 15. September 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

LiewenÄnneren

Nodeem seng Mamm fréi gestuerwe war, a säi Papp an Amerika emigréiert war, koum de Lucien Koenig am Alter vun engem Joer bei seng Groussmamm an, 1900, no där hirem Doud bei d'Famill Wercollier-Koenig, déi hien opgezillt huet a wou hien de Spëtznumm "Siggy" krut. No senger Primär- a Secondaire-Schoulzäit huet hien Däitsch, Geschicht a Philosophie zu Berlin an zu Paräis studéiert. Duerno gouf hien Enseignant fir Latäin an Däitsch fir d'éischt um Athenäum, duerno am Escher Jongelycée an am Iechternacher Kolléisch a vun 1919 un am Lampertsbierger Jongelycée[2].

1910 war hie Matgrënner vun der Nationalunioun.

Nom Zweete Weltkrich léisst hien d'Schanke vum Jang de Blannen vu Kastel op der Saar mat groussem Pomp de 26. August 1946 zréck op Lëtzebuerg bréngen. Do goufen se dann an der Krypta vun der Kathedral ënnerbruecht.

De Koenig war Matgrënner vum Groupement patriotique et démocratique, der Virleeferorganisatioun vun der DP.

Vun 1945 bis 1961 war hien am Stater Gemengerot, deelweis als Schäffen a vun 1951 bis 1961 Deputéierten an der Chamber.

Den nationalisteschen a patriotesche Schrëftsteller Koenig huet eng Partie Liddertexter (z. B. Lëtzebuerg de Lëtzebuerger), Theaterstécker a Gedichter op Lëtzebuergesch geschriwwen.

Wierker (Auswiel)Änneren

(an der originaler Schreifweis)

  • 1909: U Lëtzebuerg! Hymn.
  • 1913: Grǒwenîrz. Letzeburg: P. Worré-Mertens.
  • 1914: De Pap. Letzeburg: Ferlâg fu Jongletzeburg.
  • 1914: De Lěf fu Letzeburg. Letzeburg: Ferlâg fu Jongletzeburg.
  • 1914: Kinéksblud : [Nationalistescht Drâma an èngem Akt]. Letzeburg: Ferlâg fu Jongletzeburg.
  • 1914: Rake'ten : Nationalistesch Dramen a Wèrsen. Letzeburg: Ferlag Jongletzeburg.
  • 1917: Stûrm : Lider a Gedichter. Letzebûrg: P. Worré-Mertens.
  • 1918: Menschekanner : Novelle. Letzeburg: P. Worré-Mertens.
  • 1937: D'Melusina-So : Kannerszén aus den folkoristeschen Theatersteck, 3 Akten, Letzeburg fir emmer! S.n.: Letzeburger Nationalunio'n.
  • 1947: George Washington : [Enakter]. Letzeburg-Lampertsbirg: P. Worré-Mertens.
  • 1947: Lucilinburhuc : Nationalletzeburgescht Christusepos. Letzeburg-Lampertsbierg: P. Worré-Mertens.
  • 1947: Himmellîchten : Lidder a Gedichter : 1. Dêl. Luxembourg: P. Linden.
  • 1947: Gêschter iwer der Hémecht!: Nationalletzeburgescht Trauerspill an 3 Akten: Letzeburg-Lampertsbirg: P. Worré-Mertens.
  • 1948: Indutiomar : Historescht Trauerspill an 1 Akt : . [ Corrections manuscrites]. Luxembourg: Dréckerei Ch. Beffort.
  • 1948: Luxembourg for ever! = Letzeburg fir emmer! : Folkloristescht Théaterstéck an 3 Akten Letzeburg-Lampertsbierg: P. Worré-Mertens.

Wierker aus der Zäit vun der Ëmsiidlung zu Schreckenstein

  • Tre′schterinslidd vun de Letzeburger Déporte´erten (Schrèckestên (B´emen), 1943)
  • Chröschtdagsklacken am Exil (Schrèckestên, Chröschtdag 1943
  • D'Letzeburger Depoerte´ertelidd (Schrèckestên Februar 1943)[3]

PräisserÄnneren

Undenken un de KoenigÄnneren

GielercherÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Kayser, Ed: Lucien Koenig 1888-1961. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, éditions saint paul, Lëtzebuerg, 2003, ISBN 2-87963-419-9, S. 355-356.

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. an der deemoleger Schreifweis: Siggy fu Letzeburg
  2. Luxemburger Autorenlexikon
  3. Net ze verwiessele mam Deportéiertelidd vum Pierre Hurst a Jeng Proess
  4. BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.
  5. Memorial N°5 vun 1935 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen