Lucas (Reanimatiounshëllef)

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E LUCAS (Ofkierzung vu Lund University Cardiac Assist System), och AutoPulse genannt, ass eng mechanesch Reanimatiounshëllef, déi am preklineschen a klinesche Beräich agesat gëtt. Dësen Apparat ka bei enger Reanimatioun selbstänneg Thoraxkompressioune maachen. Doduerch soll eng méi effektiv Reanimatioun garantéiert ginn, well den Apparat, net wéi de Mënsch, mat der Zäit midd gëtt an ëmmer am selwechte Rhythmus a mat der selwechter Déift d'Häerzmassage mécht. Och wärend dem Transport kann de LUCAS mat der selwechter Effektivitéit masséieren ouni u Qualitéit ze verléieren.

De LUCAS op engem Mannequin