Luc Schaack

lëtzebuergesche Jurist a Schrëftsteller

De Luc Schaack, gebuer de 27. Abrëll 1965 zu Lëtzebuerg (Stad)[1], ass e lëtzebuergesche Jurist a Schrëftsteller.

Hien huet zu Paräis an zu London Droit studéiert an ass 1990 um Barreau an der Stad vereedegt ginn. Zesumme mat sengem Papp, dem pensionéierte Lycéesprofesser Raymond Schaack, huet hie Kriminalgeschichte publizéiert.

Publikatiounen änneren

  • zesumme mam Raymond Schaack: E Fall fir de Charel - Kriminalgeschichten ; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2001; 203 Säiten. ISBN 2-87963-380-X
  • zesumme mam Raymond Schaack: Nei Fäll fir de Charel - Kriminalgeschichten ; Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, 2010; 328 Säiten. ISBN 978-2-87963-771-6

Referenzen änneren

  1. Memorial, C 497, vum 30. Mäerz 2007, S 23855