Louis Joseph Schlim
belsche Planzesammler, Botaniker an Auermécher
De Louis Joseph Schlim, gebuer den 3. Januar 1819 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Mee 1863 zu Paräis, war e Planzesammler, Botaniker an Auermécher[1]. Hien hat d'Belsch Nationalitéit an huet an Nord- a Mëttelamerika geschafft[2],[3].
Louis Joseph Schlim | |
---|---|
Gebuer |
3. Januar 1819 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
21. Mee 1863 Paräis |
Aktivitéit | Botaniker |
Hie war den Hallefbrudder vum Botaniker Jean Linden[1].
D'Orchideegattung Schlimia huet hiren Numm zu Éiere vum Louis Joseph Schlim[2].
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 http://www.ipni.org/ipni/idAuthorSearch.do?id=9127-1
- ↑ 2,0 2,1 Umberto Quattrocchi. CRC World Dictionary of Plant Names: Common Names, Scientific Names, Eponyms. Synonyms, and Etymology – S. 2416 – CRC Press, 1999
- ↑ Global Plants - Schlim, Louis Joseph (fl. 1841-1852)